Zum Haaptinhalt sprangen
Du bass hei:

News




Scheckiwwereechung vum Krëschtmaart

Och dëse Wanter hunn d’Schoul, d’Maison Relais, d’Crèche, d’Gemeng, d'Kantin,
d’Elterevertrieder an d’Gemengepersonal sech zesummegedoen, fir am Kader vum
Chrëschtmaart e gudden Zweck z’ënnerstëtzen. Um Maart goufen et all
d'Bastelaarbechten, déi d'Kanner mat vill Léift gemaach hunn, souwéi eppes
Waarmes z'iessen an ze drénken.
De Chrëschtmaart war e grousse Succès, a sou konnten déi engagéiert
Organisateuren den Erléis vu 7000€ un d'Membere vum Kannerwonschbam spenden.
Fir d'Scheckiwwerreechung hunn sech sechs Vertriederinne vum Club Soroptimist
Mosaik, dorënner och hir Präsidentin, d'Madame Yola Schmit, op de Wee an
d'Kietschter Schoul gemaach.
De Kannerwonschbam, deen an enker Zesummenaarbecht mam OSCARE a mat de
Gemengen aus dem Kanton Réiden organiséiert gëtt, hat dëst Joer schonn seng
néngt Editioun. Et ass ee vu villen bedeitenden Projeten vun de Soroptimisten. Hir
engagéiert Membere setzen sech mat vill Häerzblutt dofir an, d’Liewensqualitéit vu
Fraen a Meedercher duerch konkret, nohalteg an zukunftsorientéiert Projeten ze
verbesseren.
D’Ziler vum Club si breet gefächert a betreffen ënnerschiddlech Beräicher: Erzéiung,
Bildung, finanziell Onofhängegkeet, Gesondheet, sou wéi d'Bekämpfung vu Gewalt
géint Fraen.
Den Erléis fir de Projet Kannerwonschbam hëlleft dobäi, Kanner aus benodeelegte
Famillen e schéine Chrëschtdag ze bereeden, hinnen e Laachen an d’Gesiicht ze
zauberen an déi eng oder aner kleng Wënsch, déi soss net méiglech gewiescht
wieren, z’erfëllen.

Detailer ueweisen

Konschtausstellung 8. Mäerz 2025

Hei ee klengen Reckbleck vun de Konschtwierker vun eisen Schüler wéi se op der Ausstellung ze gesi waren.

Ee grousse Merci u jiddereen dee kuke komm ass!

Detailer ueweisen

Konschtausstellung 08.03.2025

Kietschter Schoulkanner hunn sech vill Méi gemaach a lueden Iech häerzlech a fir hir Konschtwierker den 8. Mäerz an den Hall an an d' Klassesäll vun der Schoul ob Kietscht bewonneren.

Wéini? 09h00-13h00

Och fir d Gedrénks an de klengen Honger ass gesuergt

Detailer ueweisen

Alles Guddes am neie Joer!

Di ganz pädagogisch Ekipp aus der Kietschter Schoul wënscht hiere Schüler an hierer Famill ee schéint neit Joer, eng gutt Gesoundheet an vill schéi Momenter zesummen!

Detailer ueweisen

Chrëschtmaart, 13.12.2024

Chrëschtmaart zu Kietscht am Schoulhaff, vun 16h-19h

  • Verkaf vu Gebastels aus der Crèche, Schoul a Maison Relais
  • Um 17h ass een Optrëtt vun der Maison Relais.
  • Fir Iessen & Drenken ass gesuergt.

Den Erléis gëtt un de Kannerwonschbam gespend

Detailer ueweisen

Lego Spike an der Schoul

Aktuell leeft ee Projet am Cycle 3 wou d'Schüler no an no gesinn, wéi een ee Roboter programméiert.

Mat Hëllef vu Lego Spike bauen d'Schüler ee Roboter zesummen.

Am Virfeld hunn si gesinn, wéi déi eenzel Elementer funktionéieren.

Nodeems de Roboter gebaut war, hunn d'Schüler sech iwwerluecht, wéi si dësen verbessere kennen, soudass e méi séier gëtt. Dofir hunn si dem Roboter seng Bee verännert.

Weider Fotoen an Texter vun de Kanner, fannt Dir am aktuelle Buet vun der Gemeng Rammerich.

Detailer ueweisen

Bibliothéik

Léif Schüler a léif Elteren,

Wann Dir wëllt wëssen op ee bestëmmten Buch bei eis an der Schoulbibliothéik ass an op et grad verfügbar ass, da gitt gären uewe bei "Bibliothéik" kucken an notzt eis Sichfunktioun.

Detailer ueweisen

OneDrive fir eis Schüler

Säit dësem Joer notzen de Cycle 3 a 4 den OneDrive fir Dateien a Fotoe vun de Schüler ze späicheren. Mat Hëllef vun dëser Cloud, hunn d'Kanner och doheem Accès op hier Aarbechten. Fir weider Informatiounen, kennt Dir Iech gären un den Enseignant wenden oder un de Responsabel informatique vum Cycle 3 a 4 (marianne.kellen@education.lu).

An der Spéngel (wann Dir op dës News klickt) fannt Dir een Dokument wou erkläert ass, wéi d'Kanner sech kennen an an ausloggen.

Detailer ueweisen

Materialslëschten 2024-2025

Dir fannt d Materialslëschten fir d'Schouljoër bei "PDF Dokumenter" ob der Haaptsäit an hei am Link

Detailer ueweisen

Summerschool 2024

Gratis Widderhuelungsdossiere (vum Cycle 2.1 bis 4e) fir an der Vakanz (vum 14. Juli bis de 15. September) individuell doheem ze schaffen oder an de Widderhuelungscoursë vum 4. bis de 14. September an de Grondschoulen an an de Lycéeën.

Des dossiers de révision gratuits (du cycle 2.1 jusqu’à la 4e) pour réviser en autonomie pendant les vacances (du 14 juillet jusqu'au 15 septembre) ou lors des cours de rattrapage dans les écoles fondamentales et les lycées du 4 au 14 septembre.

Kostenlose Übungshefte (von Zyklus 2.1 bis zur 4e) zum selbstständigen Wiederholen während der Ferien (vom 14. Juli bis zum 15. September) oder während der Nachhilfekurse in den Grundschulen und Gymnasien vom 4. bis zum 14. September.

Detailer ueweisen

Opfrëschungscourse fir Cycle 2-4

D' Gemeng Rammerëch organsiséiert GRATIS Opfrëschungscourse vum 2.-13. September vun 9-11h

Unmellen bis den 9.August

Detailer ueweisen

Grouss Vakanz



De ganze corps enseignant wënscht alle Kanner eng ganz schéi Vakanz !

Le corps enseignant vous souhaite de bonnes vacances!

Detailer ueweisen
Nächst Lescht