passer au contenu principal 40 Joer Schoul Kietscht
Du bass hei:
lock

News




Quizowend zu Ueschdrëf

Voll ausgebucht war de Quizowend am Kader vun de Feierlichkeeten "40 Joer Schoul Kietscht".

36 Ekippen si Freides owes nom After Work zu Ueschdrëf am Prossenhaus géinteneen ugetrueden fir hiert Wëssen an 10 Kategorien ze testen.

24 schéi Präisser waren ze gewannen, alleguerten vun Firmen oder Betrieber gesponsort. Dee ganzen Owend iwwer ass gesammelt ginn fir de gudden Zweck.

Dëst war dann och de Startschoss fir d'Aktioun "Mat ärer Hëllef entsteet eng Schoul" zesummen mat der ONG "Le soleil dans la main".

Entdeckt hei drënner e puer Fotoen déi de Charles Reiser op eisem Owend gemeet huet.

Villmols Merci u jiddereen deen do war!

Detailer ueweisen

Eis Equipes pédagogiques stellen sech vir (4)

D'Ekipp vum Cycle 4, och si stellen sech um internen Site (Aktivitéiten) mam Numm vir. Hei eng Foto, ween d'Kanner bei deenen läschten Schrëtt an der Ecole fondamentale begleet.

Detailer ueweisen

E Stopp fir de Mupp - Mir hu gewonnen

Den 21. Oktober war et esou wäit an d'Waarden hat een Enn.

Den Challenge tëscht de Gemengen aus dem Kanton Réiden, wéieng Gemeng di meeschten Kork-Stëpp sammelt, huet een éischte Bilan gezunn.

Am Ganzen sinn 3 Tonnen Stëpp gesammelt ginn, dest entsprëcht engem Montant vun 900 Euro.

Wann ee bedenkt, dass d'Finanzéieren vun engem Hond 17 500 Euro kascht, musse vill Kork- (mee och Plastik-) stëpp gesammelt ginn.

Eis Schoul a Maison Relais huet 687,5 kg Stëpp gesammelt.

Domadder hu mer am meeschten am Kanton gesammelt. Mee di 2. an 3. waren no hannendrun.

Lo heescht et fläisseg weider sammelen, dass mer eisen Wanderpokal och d'nächst Joer kënnen mat op Kietscht brengen.

Ee grousse Merci iech all!

Detailer ueweisen

Eis Equipes pédagogiques stellen sech vir (3)

Haut ass ët um Cycle 3.

An eisem Cycle verstoppt sech dat eent oder aanert neit Gesiicht.

Wann Dir Schüler oder Elteren aus dem Cycle 3 sidd, da luusst bei eisen Aktivitéiten bis eran. D'Passwuert kritt Der vum jeweiligen Enseignant.

Detailer ueweisen

Eng spannend Rees duerch eis Schoulbibliothéik

Fir datt d'Kanner aus dem Cycle 2 eis Schoulbibliothéik e bësse besser kenneléieren, kruten déi eenzel Klassen d'Billerbuch „Pippilothek??? Eine Bibliothek bewirkt Wunder“ virgelies.

Ier sech d'Dieren vum Kamishibai opgemaach hunn, hunn d'Kanner fir d'éischt e Puzzle misse léisen. Duerno konnten si zesumme mam Fuuss an der Maus op eng spannend Rees duerch d'Welt vun de Bicher goen.

Dono war et un de Kanner aus dem C2.1, fir déi Bicher, déi de Fuuss ausgeléint hat, nees op déi richteg Plaz ze raumen. D'Kanner aus dem C2.2 dogéint konnten als richteg Bibliothéiksdetektiven op d'Sich no verschiddene Bicher goen.

Sou hunn d'Kanner eis Schoulbibliothéik op eng spilleresch Manéier entdeckt an dobäi erlieft, wéi spannend d'Welt vun de Bicher ka sinn!

Detailer ueweisen

Eis Equipes pédagogiques stellen sech vir (2)

Haut ass et um Cycle 2.

Des Ekipp encadréiert 8 Klassen, 4 Klassen vum Cycle 2.1 (fréiert éischt Schouljoer) a 4 Klassen vum Cycle 2.2 (fréiert 2. Schouljoer).

Wann Dir Elteren oder Schüler aus dem Cycle 2 sidd, da luusst gäeren bei den Aktivitéiten eran.

D'Passwuert ass dat, wat der vum Enseignant kritt hutt fir eise Schoulsite.

Detailer ueweisen

Afterwork 23.10

Och wann d'Plazen op eisem Quizowend all besat sinn, kenn Dir gären tescht 17h00 a 19h30 op eisen Afterwork kommen.

Fir Iessen an Drénken ass gesuecht.

Alles fir de gudden Zweck

https://asdm.lu/faire-un-don/.

Detailer ueweisen

Eis Equipes pédagogiques stellen sech vir (1)

Wee schafft eigentlich zu Kietscht an der grousser Schoul?

Mir si mettlerweil eng grouss Ekipp ginn.
Op deser Foto eis d'Ekipp vum Cycle 1.

Wann Dir Elteren oder Schüler aus dem C1 sidd, da kukt gäeren ënnert "Aktivitéiten", do kommen Néiegkeeten, wat eis Kanner am Cycle 1 erliewen.

Detailer ueweisen

Quizowend, 23.10 zu Ueschdrëf

Mir feieren 40 Joer!

Di éischt Aktivitéit ass ee Quizowend fir di Erwuessen (mat After Work) den 23.10 zu Ueschdrëf.

Weider Infos fannt Dir um Flyer.

Detailer ueweisen

Rentrée 2026

Ee neit Schouljoer fänkt un!

Mir si frou de 15. September eis Schülerinnen a Schüler ze begréissen a voller Energie an een neit Schouljoer ze starten!

C'est la rentrée !

Nous sommes ravis d'accueillir nos élèves le 15 septembre et de démarrer cette nouvelle année scolaire avec plein d'énergie !

Detailer ueweisen

Réckbléck op d'Schoulfest 13.7.26

Geschwë starte mer an dat neit Schouljoer.

Dat alt hate mer mat engem flotte Schoulfest ofgeschloss.

Hei fannt Dir e puer Fotoe vun deem Dag.

Detailer ueweisen

Materialslëschten/listes de matériel

Ennert dësem Link fannt Dir d'Materialslëschten vun deenen eenzelnen Klassen.

En cliquant sur ce lien, vous trouverez les listes de matériel pour différentes classes.

Detailer ueweisen
Suivante Dernière