
Äppeljus maachen
31.10.2025Am Hierscht ass Äppelzäit! Vill Äppelsorten si dann zeideg a kënne gepléckt ginn. D`Klassen vun der Joffer Isabelle a Joffer Tania ausdem Cycle 2 an och d`Klassen vun der Joffer Laurence an dem SchoulmeeschterCharles aus dem Cycle 3 hunn selwer Äppeljus gemaach an dobäi geléiert, wéi aus frëschen Äppel e leckert Gedrénks gëtt.
Als éischt hunn mir verschidden Äppel gesammelt an dono gewäsch. D`Äppel ginn an eng Äppelmille gemaach a gi gemuelen, bis eng mëll Äppelmass entsteet. Dës Mass gi mir duerno an de Kelter. Wann mir de Kelter fest zoudréinen, leeft de frëschen Äppeljus eraus.
De Jus gëtt duerno duerch e Sift geschott, fir datt keng Stécker méi dra sinn. Wann ee wëll, kann een en e bëssen erhëtzen, fir datt e méi laang haltbar bleift. Zum Schluss fëlle mir den Äppeljus a Fläschen.
Sou erliewe mir Schrëtt fir Schrëtt, wéi aus Äppel frëschen Äppeljus entsteet – ganz ouni Fabrick, just mat eiser eegener Kraaft a e bësse Gedold!
» Fotoen