Zum Haaptinhalt sprangen
Du bass hei:

Trauliichter – En ale Brauch zu Lëtzebuerg

31.10.2025

Zu Lëtzebuerg gëtt et den schéine Brauch vun de Trauliichter. Dëst geschitt besonnesch ronderëm Allerhellgen, den 1. November. Fréier hunn d’Kanner aus Rommelen kleng Liichter geschnitzt a Kerzen dran agesat.

De Brauch kënnt schonn aus alldeeglechen Zäiten, wou d’Mënsche gegleeft hunn, datt d’Liicht d’Geeschter fortjot an d’Däischtert an der kaler Joreszäit erhellt. D’Trauliichter hunn also spiritistesch a symbolesch Bedeitung – se solle Liicht, Schutz a Freed bréngen.

D’Trauliichter sollen d’donkel Zäit erhellen an heiansdo och Geeschter forthalen. Et ass en ale Brauch, deen d’Kanner mat Traditioun, Kreativitéit a Gemeinschaft verbënnt.

Mir hu dëse Brauch an der Grondschoul selwer ausprobéiert. Et huet vill Spaass gemaach, d’Rommelen auszehielegen, Gesichter dran ze schnitzen a Kerzen anzesetzen. Mir hu geléiert, wéi ee virsiichteg mat engem Messer schafft an zesumme schafft, fir all Trauliicht flott a sécher ze maachen. Sou hu mir en ale lëtzebuergesche Brauch selwer kennengeléiert an erliewt.

Et ass eng schéin Traditioun, mat däer een d`Kultur a Brauchtum vu Lëtzebuerg kenne léiert.