Zum Haaptinhalt sprangen
Du bass hei:

News




Schoulsportswoch 19. - 26. Mee

Vum 19. Mee bis den 26. Mee war fir d Kanner aus onser Schoul Schoulsportsdag. All Dag war an engem aaneren Cycle Schoulsportsdag ‍♂️‍♀️

Merci un all déi ënnerschiddlech Veräiner, déi onsen Kanner déi ënnerschiddlech Sportarten méi no bruecht hunn,

hei e puer Andréck

Detailer ueweisen

8000€ fir de gudden Zweck an der Kietschter Schoul

No puer Joer Paus, gouf de leschten Dezember an der Kietschter Schoul rëm e grousse Chrëschtmaart organiséiert. An der Zesummenaarbicht tëscht dem Léierpersonal, der Maison relais, der Crèche, der Kantin an de Gemengenaarbichter an mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Rammerich, goufen de Kanner hir Bastelaarbichten, wéi och Iessen a Gedrénks fir de gudden Zweck verkaaft. Bei der passender musikalescher Ënnermolung vum Schoulorchester, konnten d’Leit e puer gemittlich Stonnen am Schoulhaff mateneen verbréngen.

D’Editioun vum Chrëschtmaart 2022 war e volle Succès an esou konnt den 10. Mee e Scheck vun 8000€ un „Autisme Luxembourg asbl“ iwwerreecht ginn. Den Direkter vun „Autisme Luxembourg asbl“, den Här Marc De Geest, ass dofir op Kietscht an d’Schoul komm fir déi eenzel Zenteren, wou déi Leit mat Autismus betreit ginn, virzestellen. No der Presentatioun vun deenen villfältegen Aarbichten, déi hir Leit an deenen spezialiséierten Atelieren kënnen ausféieren, huet den Här De Geest sech beandrockt gewisen vun dëser remarkabeler Zomm an huet, am Numm vun hirer Associatioun, seng Unerkennung a säin Dank fir dëse wonnerbaren Geste ausgedréckt.

(Text: Paul Hermes / Foto: Conny Wantz)

Detailer ueweisen

Iwereeschung Don

D'Kanner aus dem Cycle 3 hunn d'lëscht Joer eng eegen Geschicht geschriwwen aus der si een super flott Buch gestallt hunn.

Den 20. Februar war d'Scheckiwwerreechung vun 900€ un d' "ASA-Assistenzhënn" vun dësem Verkaf

MERCI un jiddereen den ee Buch kaaft huet an si domat ënnerstëtzt huet, ouni iech fir dëss Zomme net zu stanen komm

Detailer ueweisen

Pompjëe

Den 19. Januar war eng Besatzung vum HLF op Kietscht an d'Schoul fir den Eeschtfall ze üben. Alles huet wonnerbar geklappt an d'Enseignantë wei och d'Kanner konnte kuerz no der Übung vum Feieralarm erëm an hier Klassesäll zréck goen.
‍ Duerno sinn d' Pompjeeën nach an d'Klasse vum Cycle 1 gaange fir de Kanner ë bëssi vun der Aarbecht vum Pompjee ze erklären. Och kruten d'Kanner gewise wat de schwéieren Otemschutz ass a wéini dëse gebraucht gëtt.
Merci och der Commune de Rambrouch fir déi gutt Zesummenaarbecht.
Detailer ueweisen

Néit Joër 2023

Di ganz Equippe vun der Kietschter Schoul wënscht Iech alles Guddes fir dat neit Joer!

Detailer ueweisen

Chrëschtconcert

Den 23.12 hunn d Schüler ee kléngen Chrëschtconcert organiséiert. Hei e puer Fotoën

Detailer ueweisen

Andréck vum Chrëschtmaart

E puer Andréck vum Chrëschtmaart hei am Link

Detailer ueweisen

www.antolin.de

Léif Elteren,

An Zukunft kenne Kanner iwwert de Site www.antolin.de testen, op se dat Buch wat se gelies hunn, och verstanen hunn. Dofir fannen si op deem Site zu ville Bicher ee Quiz wat se kennen ausfëllen.

Konditioun: Kanner musse vum Léierpersonal ageschriwwe ginn (se kréien ee Passwuert)

Weider Informatioune fannt Dir och dësem Dokument:
Detailer ueweisen
Eischt Viregt