
Ee Stopp fir de Mupp
27.01.2026Méindes, den 12. Januar huet eis Schoul a Maison Relais 130,5 kg Kork-Stëpp op der Sammelplaz am Préizerdaul afginn.
Do op der Plaz ginn d’Stëpp gewie an an enger Tabell gëtt agedroe, wéi vill Stëpp si eenzel Schoulen/Gemenge bruecht hunn.
D’Stëpp gi gesammelt fir d’ASA (Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn). Des finanzéieren d’Ausbildung vun Hënn fir Mënsche mat spezielle Besoinen.
De Concours leeft nach bis den 30. Juni 2026, et heescht also weider fläissig sammelen an eventuell de Wanderpokal kennen op Kietscht an d’Schoul ze setzen.
» Fotoen