Schoulfest - Kiermes zu Kietscht
Geschwënn ass et nees souwäit :
Kietschter Schoulfest (dësst Joër ënnert dem Motto "Kiermes zu Kietscht" )
Fréides, den 7ten Juli 2023
Geschwënn ass et nees souwäit :
Kietschter Schoulfest (dësst Joër ënnert dem Motto "Kiermes zu Kietscht" )
Fréides, den 7ten Juli 2023
Vum 19. Mee bis den 26. Mee war fir d Kanner aus onser Schoul Schoulsportsdag. All Dag war an engem aaneren Cycle Schoulsportsdag ♂️♀️
Merci un all déi ënnerschiddlech Veräiner, déi onsen Kanner déi ënnerschiddlech Sportarten méi no bruecht hunn,
hei e puer Andréck
No puer Joer Paus, gouf de leschten Dezember an der Kietschter Schoul rëm e grousse Chrëschtmaart organiséiert. An der Zesummenaarbicht tëscht dem Léierpersonal, der Maison relais, der Crèche, der Kantin an de Gemengenaarbichter an mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Rammerich, goufen de Kanner hir Bastelaarbichten, wéi och Iessen a Gedrénks fir de gudden Zweck verkaaft. Bei der passender musikalescher Ënnermolung vum Schoulorchester, konnten d’Leit e puer gemittlich Stonnen am Schoulhaff mateneen verbréngen.
D’Editioun vum Chrëschtmaart 2022 war e volle Succès an esou konnt den 10. Mee e Scheck vun 8000€ un „Autisme Luxembourg asbl“ iwwerreecht ginn. Den Direkter vun „Autisme Luxembourg asbl“, den Här Marc De Geest, ass dofir op Kietscht an d’Schoul komm fir déi eenzel Zenteren, wou déi Leit mat Autismus betreit ginn, virzestellen. No der Presentatioun vun deenen villfältegen Aarbichten, déi hir Leit an deenen spezialiséierten Atelieren kënnen ausféieren, huet den Här De Geest sech beandrockt gewisen vun dëser remarkabeler Zomm an huet, am Numm vun hirer Associatioun, seng Unerkennung a säin Dank fir dëse wonnerbaren Geste ausgedréckt.
(Text: Paul Hermes / Foto: Conny Wantz)
D'Kanner aus dem Cycle 3 hunn d'lëscht Joer eng eegen Geschicht geschriwwen aus der si een super flott Buch gestallt hunn.
Den 20. Februar war d'Scheckiwwerreechung vun 900€ un d' "ASA-Assistenzhënn" vun dësem Verkaf
MERCI un jiddereen den ee Buch kaaft huet an si domat ënnerstëtzt huet, ouni iech fir dëss Zomme net zu stanen komm
Di ganz Equippe vun der Kietschter Schoul wënscht Iech alles Guddes fir dat neit Joer!
Den 23.12 hunn d Schüler ee kléngen Chrëschtconcert organiséiert. Hei e puer Fotoën
E puer Andréck vum Chrëschtmaart hei am Link