Rentrée 2025
Mir wenschen all eise Schüler ee gudde Start an dat neit Schouljoer!
Mir wenschen all eise Schüler ee gudde Start an dat neit Schouljoer!
D'Schoulfest stung ennert dem Motto "Natur erliewen" a "Kooperatioun".
Hei sinn e puer Andreck vun deem flotten Dag.
Am Kader vum Projet I know I can, dee mat der Ënnerstëtzung vun EducDesign realiséiert gouf, hunn d'Schüler aus der Klass vum Ben Wersant (Cycle 4.2) e Video erstallt, an deem si op d'Gefore vun der Ëmweltverschmotzung hiweisen an och flott Iddie presentéieren, wéi mir eis Welt kënne schützen.
Och dëse Wanter hunn d’Schoul, d’Maison Relais, d’Crèche, d’Gemeng, d'Kantin,
d’Elterevertrieder an d’Gemengepersonal sech zesummegedoen, fir am Kader vum
Chrëschtmaart e gudden Zweck z’ënnerstëtzen. Um Maart goufen et all
d'Bastelaarbechten, déi d'Kanner mat vill Léift gemaach hunn, souwéi eppes
Waarmes z'iessen an ze drénken.
De Chrëschtmaart war e grousse Succès, a sou konnten déi engagéiert
Organisateuren den Erléis vu 7000€ un d'Membere vum Kannerwonschbam spenden.
Fir d'Scheckiwwerreechung hunn sech sechs Vertriederinne vum Club Soroptimist
Mosaik, dorënner och hir Präsidentin, d'Madame Yola Schmit, op de Wee an
d'Kietschter Schoul gemaach.
De Kannerwonschbam, deen an enker Zesummenaarbecht mam OSCARE a mat de
Gemengen aus dem Kanton Réiden organiséiert gëtt, hat dëst Joer schonn seng
néngt Editioun. Et ass ee vu villen bedeitenden Projeten vun de Soroptimisten. Hir
engagéiert Membere setzen sech mat vill Häerzblutt dofir an, d’Liewensqualitéit vu
Fraen a Meedercher duerch konkret, nohalteg an zukunftsorientéiert Projeten ze
verbesseren.
D’Ziler vum Club si breet gefächert a betreffen ënnerschiddlech Beräicher: Erzéiung,
Bildung, finanziell Onofhängegkeet, Gesondheet, sou wéi d'Bekämpfung vu Gewalt
géint Fraen.
Den Erléis fir de Projet Kannerwonschbam hëlleft dobäi, Kanner aus benodeelegte
Famillen e schéine Chrëschtdag ze bereeden, hinnen e Laachen an d’Gesiicht ze
zauberen an déi eng oder aner kleng Wënsch, déi soss net méiglech gewiescht
wieren, z’erfëllen.
Hei ee klengen Reckbleck vun de Konschtwierker vun eisen Schüler wéi se op der Ausstellung ze gesi waren.
Ee grousse Merci u jiddereen dee kuke komm ass!
Kietschter Schoulkanner hunn sech vill Méi gemaach a lueden Iech häerzlech a fir hir Konschtwierker den 8. Mäerz an den Hall an an d' Klassesäll vun der Schoul ob Kietscht bewonneren.
Wéini? 09h00-13h00
Och fir d Gedrénks an de klengen Honger ass gesuergt
Di ganz pädagogisch Ekipp aus der Kietschter Schoul wënscht hiere Schüler an hierer Famill ee schéint neit Joer, eng gutt Gesoundheet an vill schéi Momenter zesummen!
Chrëschtmaart zu Kietscht am Schoulhaff, vun 16h-19h
Den Erléis gëtt un de Kannerwonschbam gespend
Aktuell leeft ee Projet am Cycle 3 wou d'Schüler no an no gesinn, wéi een ee Roboter programméiert.
Mat Hëllef vu Lego Spike bauen d'Schüler ee Roboter zesummen.
Am Virfeld hunn si gesinn, wéi déi eenzel Elementer funktionéieren.
Nodeems de Roboter gebaut war, hunn d'Schüler sech iwwerluecht, wéi si dësen verbessere kennen, soudass e méi séier gëtt. Dofir hunn si dem Roboter seng Bee verännert.
Weider Fotoen an Texter vun de Kanner, fannt Dir am aktuelle Buet vun der Gemeng Rammerich.
Léif Schüler a léif Elteren,
Wann Dir wëllt wëssen op ee bestëmmten Buch bei eis an der Schoulbibliothéik ass an op et grad verfügbar ass, da gitt gären uewe bei "Bibliothéik" kucken an notzt eis Sichfunktioun.