Zum Haaptinhalt sprangen 40 Joer Schoul Kietscht
Du bass hei:
lock

Eng spannend Rees duerch eis Schoulbibliothéik

19.10.2026

Fir datt d'Kanner aus dem Cycle 2 eis Schoulbibliothéik e bësse besser kenneléieren, kruten déi eenzel Klassen d'Billerbuch „Pippilothek??? Eine Bibliothek bewirkt Wunder“ virgelies.

Ier sech d'Dieren vum Kamishibai opgemaach hunn, hunn d'Kanner fir d'éischt e Puzzle misse léisen. Duerno konnten si zesumme mam Fuuss an der Maus op eng spannend Rees duerch d'Welt vun de Bicher goen.

Dono war et un de Kanner aus dem C2.1, fir déi Bicher, déi de Fuuss ausgeléint hat, nees op déi richteg Plaz ze raumen. D'Kanner aus dem C2.2 dogéint konnten als richteg Bibliothéiksdetektiven op d'Sich no verschiddene Bicher goen.

Sou hunn d'Kanner eis Schoulbibliothéik op eng spilleresch Manéier entdeckt an dobäi erlieft, wéi spannend d'Welt vun de Bicher ka sinn!






» Fotoen