Zum Haaptinhalt sprangen
Du bass hei:

Roboter an der Schoul

13.05.2026

An eiser Schoul zu Kietscht entdecken d’Kanner aus dem Cycle 2 d’Welt vun der Robotik op eng spilleresch a kreativ Aart a Weis. Mat de Bee-Bots an dem LEGO Education SPIKE Essential léieren d’Schülerinnen a Schüler déi éischt Grondlage vum programméieren an entwéckelen dobäi wichteg Kompetenze fir d’Zukunft.

D’Kanner schaffen zesummen a klenge Gruppen, léisen Aufgaben a probéieren eege Léisungen aus. Mat de Bee-Bots üben si Orientéierung, Logik an d’Plange vu Beweegungen. Mam LEGO Spike Essential bauen a programméieren si kleng Modeller a Roboteren, déi op verschidden Aufgaben reagéieren.






» Fotoen