Zum Haaptinhalt sprangen
Du bass hei:

8000€ fir de gudden Zweck an der Kietschter Schoul

29.05.2023

No puer Joer Paus, gouf de leschten Dezember an der Kietschter Schoul rëm e grousse Chrëschtmaart organiséiert. An der Zesummenaarbicht tëscht dem Léierpersonal, der Maison relais, der Crèche, der Kantin an de Gemengenaarbichter an mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Rammerich, goufen de Kanner hir Bastelaarbichten, wéi och Iessen a Gedrénks fir de gudden Zweck verkaaft. Bei der passender musikalescher Ënnermolung vum Schoulorchester, konnten d’Leit e puer gemittlich Stonnen am Schoulhaff mateneen verbréngen.

D’Editioun vum Chrëschtmaart 2022 war e volle Succès an esou konnt den 10. Mee e Scheck vun 8000€ un „Autisme Luxembourg asbl“ iwwerreecht ginn. Den Direkter vun „Autisme Luxembourg asbl“, den Här Marc De Geest, ass dofir op Kietscht an d’Schoul komm fir déi eenzel Zenteren, wou déi Leit mat Autismus betreit ginn, virzestellen. No der Presentatioun vun deenen villfältegen Aarbichten, déi hir Leit an deenen spezialiséierten Atelieren kënnen ausféieren, huet den Här De Geest sech beandrockt gewisen vun dëser remarkabeler Zomm an huet, am Numm vun hirer Associatioun, seng Unerkennung a säin Dank fir dëse wonnerbaren Geste ausgedréckt.

(Text: Paul Hermes / Foto: Conny Wantz)