 |  | Wëllkomm Wëllkomm um Site vunn der Schoul Kietscht. Hei kënnt dir iech an Zukunft iwwert eis Schoulaktivitéiten informéieren an och soss wichteg Informatioune fannen. An natiirlech sollen d'Kanner och d'Méiglechkeeten hun hier Aarbechten a Projetën hei ze publizéieren.
|
 |  | >> 28. Juli 2010
Um leschte Schoulfest haten d'Kanner aus der Kietschter Grondschoul ee Chèque vun 2.280 Euro un d'Organisatioun "Fondation Follereau Luxembourg" (FFL) iwwerreecht. D'Kanner haten dës Suen iwwer ee Schwammdag era kritt. D'Geld gëtt genotzt, fir dass d'Schoul zu Falayan zu Mali wichteg Ausstattunge kafe kann, sou z.B. medezinesch Troussen.
|
|  |  | >> 10. Juli 2010
Kommt op onst grousst Schoulfest, den Samsden 10. Juli ab 11 Auer mat Atelieren rondrëm den Zirkus, Theater, Animatioun, Konschtaustellung. Den ganzen Dag iwwer Iessen an Gedrénks: Gegrilltes, Eisekuchen, Popcorn, Schampes Bar...
Déi eischt Photoen sinn elo online:
Programm & Photogalerie
|
|  |  | >> 31. Januar 2010
D'Elterevereenegung organiséiert déi 4. Kéier eng Schwamm-Aktivitéit fir ee gudden Zweck. D'Aktivitéit fënd statt e Sondeg, den 31. Januar vun 9-12 Auer an der Schwemm zu Kietscht. Interesséiert Kanner melle sech w.e.g. bei der Elterevereenegung unn.
|
|
|  |
Internet-Protektioun Eng nei Informatiounssäit zum Thema Internet-Sécherheet a Filterung vum Internet-Zougang an der Schoul.
|
|