Zum Haaptinhalt sprangen
Du bass hei:

Schoul Kietscht


Häerzlich Wëllkomm um Site vun der Schoul Kietscht.
Hei kënnt dir iech iwwert eis Schoulaktivitéiten informéieren an och soss wichteg Informatioune fannen.
Bei deenen eenzelnen Cycle'n fannt Dir Arbechten vun a mat de Kanner.

Ee Stopp fir de Mupp

Méindes, den 12. Januar huet eis Schoul a Maison Relais 130,5 kg Kork-Stëpp op der Sammelplaz am Préizerdaul afginn.

Do op der Plaz ginn d’Stëpp gewie an an enger Tabell gëtt agedroe, wéi vill Stëpp si eenzel Schoulen/Gemenge bruecht hunn.

D’Stëpp gi gesammelt fir d’ASA (Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn). Des finanzéieren d’Ausbildung vun Hënn fir Mënsche mat spezielle Besoinen.

De Concours leeft nach bis den 30. Juni 2026, et heescht also weider fläissig sammelen an eventuell de Wanderpokal kennen op Kietscht an d’Schoul ze setzen.

Detailer ueweisen

Kanner Secondhand-Maart 30.1.

Freides, den 30. Januar ass ee Kanner Second Hand Maart mat Afterwork fir d'Elteren an d'Schoulpersonal.

Kommt a maacht eng gutt Affär!

Detailer ueweisen

Trauliichter – En ale Brauch zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg gëtt et den schéine Brauch vun de Trauliichter. Dëst geschitt besonnesch ronderëm Allerhellgen, den 1. November. Fréier hunn d’Kanner aus Rommelen kleng Liichter geschnitzt a Kerzen dran agesat.

De Brauch kënnt schonn aus alldeeglechen Zäiten, wou d’Mënsche gegleeft hunn, datt d’Liicht d’Geeschter fortjot an d’Däischtert an der kaler Joreszäit erhellt. D’Trauliichter hunn also spiritistesch a symbolesch Bedeitung – se solle Liicht, Schutz a Freed bréngen.

D’Trauliichter sollen d’donkel Zäit erhellen an heiansdo och Geeschter forthalen. Et ass en ale Brauch, deen d’Kanner mat Traditioun, Kreativitéit a Gemeinschaft verbënnt.

Mir hu dëse Brauch an der Grondschoul selwer ausprobéiert. Et huet vill Spaass gemaach, d’Rommelen auszehielegen, Gesichter dran ze schnitzen a Kerzen anzesetzen. Mir hu geléiert, wéi ee virsiichteg mat engem Messer schafft an zesumme schafft, fir all Trauliicht flott a sécher ze maachen. Sou hu mir en ale lëtzebuergesche Brauch selwer kennengeléiert an erliewt.

Et ass eng schéin Traditioun, mat däer een d`Kultur a Brauchtum vu Lëtzebuerg kenne léiert.

Detailer ueweisen


Naturschoul

Kanner am Schoulgaart

» Detailer

Login

Agenda

chevron_left
chevron_right